#142 Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#142 Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn
Loading
/

Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn.  Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn.

Interessant Links:
MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex
MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit
MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit
Come As You Are vum Emily Nagoski

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral
Loading
/

D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer – wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d’Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel – an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod.
Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. 🙂

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.

Shownotes:
Infos iwwer d’Kofferspiral
Kofferspiral fir jonk Mënschen
Infos iwwer d’Kofferketten
Infos iwwer de Kofferball
Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause - (kee) Sex am mëttleren Alter?
Loading
/

De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt – a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass “déi gutt Zäiten” dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d’Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih.

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie.

Shownotes:
Podcast „I Weigh“ with Jameela Jamil
TED Talk: „The secret to mastering life’s biggest transitions“ with Bruce Feiler
Emily Nagoski „Come as you are“

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#139: FOMO, Konsum an d'Britney – Toxic Sex Positivity
Loading
/

Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d’Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg
Loading
/

Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land.

Shownotes:
Megaphone.lu (Website an op Instagram)
Fraendag.lu
Buch: Mit den Haien Streiten